Refine
Clear All
Your Track:
Live:
Search in:
Déi gutt Mod
Déi gutt Mod

Déi gutt Mod

Et waren emol eng Lokaljournalistin an eng Radiomoderatorin. Elo leede se gemeinsam e 76 Joer ale Mediebetrib, de Lëtzebuerger Journal. Wéi se dat maachen, erzielen d’Lynn Warken an d’Melody Hansen an dësem Podcast. Si schwätzen iwwert hiren Alldag an enger Féierungspositioun, hir Learnings, Beobachtungen awer och iwwert déi Saachen déi si owes wakereg halen.

Available Episodes 10

Humor op der Aarbecht mécht eis méi resilient, verbënnt an hëlleft och duerch ustrengend oder schwéier Deeg ze kommen. Net nëmmen am Journalismus, mee op all Aarbechtsplaz.

Wéi geet Humor op der Aarbecht? Wou sinn eiser Meenung no d’Grenzen? Mir schwätzen doriwwer a gi Beispiller aus eisem Alldag. D’Melody war iwwerdeems dës Woch immens beréiert vun engem Interview mat enger jonker Parkinson-Patientin, déi him erzielt huet, wéi et ass, eng Krankheet ze hunn, déi d’Gesellschaft just mat eelere Mënschen just verbënnt an d’Lynn war op europäeschem Terrain ënnerwee.

Hei geet et bei den Artikel ronderëm jonk Parkinson-Patient*innen: https://journal.lu/de/parkinson-mit-40-kein-einzelfall

Mir schwätzen iwwert Peoplemanagement an dat Gefill, de ganzen Dag näischt geschafft ze hunn. An et geet ëm Prokrastinatioun. Wat sinn déi Aufgaben, déi gären op en aneren Dag verluecht ginn? Zum Schluss ginn et nach e puer Networking-Hacks vun eise Bomen.

Vergiess net, eis deng Froe, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op lynn.warken@journal.lu a melody.hansen@journal.lu ze schécken.

Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

D’Sonn kënnt eraus, d’Laun ass direkt besser – an dat net nëmmen, well d‘Fréijoer sech ukënnegt, den Alkohol gouf massiv reduzéiert an dat hat direkt e puer positiv Effekter.

D’Melody erzielt vum Event “Diplomat for a Day”, wou et sech am Kader vum Weltfraendag mat engagéierte jonke Fraen ausgetosch huet. An et geet ëm “Systemperfektionismus”, also d’Striewen no Perfektioun vun engem Prozess oder System.

Mir brauchen dech! Du interesséiers dech fir Audio- oder Videoproduktioun oder kenns een*t, deen dat géif spannend fannen? Da mell dech mat engem CV an enger Lettre de Motivation bei melody.hansen@journal.lu oder lynn.warken@journal.lu a verbréng däi Summerstage mat eis!

Wéi huet sech eist Verhältnis zu Sport am Laf vum Liewe verännert? D’Lynn ass méi risikobereet ginn, wärend d’Melody et méi roueg ugoe léisst. Ma eppes hu mer gemeinsam: Mir brauche Sport mëttlerweil, fir de Kapp fräi ze kréien, duerch den (Aarbechts)alldag ze kommen an och aus dësem einfache Grond: Et mécht Spaass.

Apropos Aarbecht: An der Vakanz ass dem Lynn opgefall, wéi vill Leit mat hirem Job onzefridde sinn. Mee firwat ass dat esou? Mir schwätzen iwwert “sech bekloen” - de Lëtzebuerger Vollekssport.

Vergiess net, eis deng Froe, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op lynn.warken@journal.lu a melody.hansen@journal.lu ze schécken.

Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

Wat eng opreegend Woch! D’Lynn an d’Melody hunn déi éischte Kéier an hirem Liewen nei Mataarbechter*innen agestallt. Direkt nom Onboarding-Dag deelen si hir frësch Andréck mat Iech: Wourop muss ee bei der Astellung oppassen? Wat sinn d’Erwaardungen – souwuel vun de neie Leit wéi och vun der bestoender Ekipp? A wisou kann ee "frësche Bléck" op eis Aarbechtsprozesser esou wäertvoll sinn? A wa mir schonn iwwer Aarbecht schwätzen: Pünktlechkeet ass e vill diskutéiert Thema! Fir d’Lynn ass se e Must, d’Melody gesäit dat – nenne mir et – méi flexibel. Mee wéi beaflosst eisen Time-Management eisen Alldag, a wéi eng Tricks funktionéiere wierklech, fir net ëmmer ze spéit ze sinn? An natierlech schwätze mir och iwwert déi aner Säit vun der Medail: d'Kënnegen. Wéi schwéier ass et, eng Entscheedung ze treffen? Wéi vill Loyalitéit si mir eiser Ekipp schëlleg? A firwat ass et ëmmer wichteg, fir sech selwer anzestoen?

Vergiess net, eis deng Froe, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op lynn.warken@journal.lu a melody.hansen@journal.lu ze schécken.

Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

Alles Guddes am neie Joer! D’Melody deelt mat eis, firwat hatt bis elo nach ni e positiivt Verhältnis zu Geld hat a wéi et dat dëst Joer ännere wëll. An der Ëffentlechkeet stoen – déi eng zéien hir Energie doraus, fir anerer ass et éischter e Mëttel zum Zweck. Doriwwer hu mir mam Anne Calteux geschwat, eis Invitée an dëser Episod. Wat ass de Rôle vun der Vertriederin vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg? A wéi huet d’Anne seng Zäit als ë.a. Cheffe de Cabinet am Gesondheetsministère, besonnesch wärend der Covid-Pandemie, erlieft? Hat gëtt eis en Abléck a säi fréieren an haitegen Alldag. Mir schwätzen iwwert d’Sujet’en: Sech musse méi beweise wéi den Aarbechtskolleeg a wéi ee léiert schwiereg Situatioune besser ze geréieren an auszehalen.

Vergiess net, eis deng Froe, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op lynn.warken@journal.lu a melody.hansen@journal.lu ze schécken.

Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products

Merry Christmas! An der leschter Episod fir dëst Joer schwätzen d'Lynn an d'Melody iwwert d'Work-Life-Balance bei Dirigeanten. Si tendéieren dobäi éischter zu "Go with the flow"… E weidere Sujet ass de Lifelong Learning. D’Muriel Morbé, Directrice vum House of Training an Directrice Talents and Skills bei der Chambre de Commerce erkläert, firwat Formatiounen net just fir Entreprisen an hir Mataarbechter*inne wichteg sinn, mee och fir all eenzelnen. Op engem Aarbechtsmaart, wou mëttlerweil 4 Generatiounen zesummeschaffen, ass d'Demande no Soft Skills ëmmer méi grouss. Si diskutéieren doriwwer, schwätzen iwwert d'Zukunft vum Leadership an deelen hir Erfarungen, wéi schéin et ass, eleng ze reesen.

Dir wëllt méi iwwert de journal.lu gewuer ginn: https://journal.lu/de

"Happy Birthday!" Scho 4 Joer schaffe mer zesummen – ugefaangen als Chefredactrice a Programmcheffin, a säit 2023 hu mer eng nei Bezéiung: Chefredactrice an Directrice Générale. Eis Aarbechtsdynamik huet sech doduerch verännert. Dem Lynn kann et heiansdo net séier genuch goen, an d'Melody huet d'Tendenz ob d'Brems ze trëppelen. Ma gutt, dass mer eis an der gëllener Mëtt kënnen treffen.

Mir hunn d'Erfarung gemaach, dass wann een och mol seet, wat net sou gutt leeft, et net als Schwächt gesi gëtt, mee beemol och anerer ufänke sech opzemaachen.

Zum Schluss schwätze mer vum “Bropriating”: Wärend engem Meeting proposéiert dir eppes, kee lauschtert drop, kuerz drop déi nämmlecht Propose vun engem aneren an déi Iddi gëtt geholl. Huch… wéi ass dat da gaangen?

Iwwert déi Artikelen hu mir am Episod geschwat: https://journal.lu/de/autihd-schafft-neue-chancen-fuer-luxemburgs-arbeitsmarkt https://journal.lu/de/kranke-die-es-nicht-sind-das-problem-mit-dem-zunehmenden-absentismus

An dëser Episod schwätze mer iwwert déi verschidden Aarte vun Drock: den Drock vu baussen, den Drock, dee mir eis selwer maachen, Zäitdrock, finanziellen Drock an de politeschen Drock, dee Journalist*innen och zu Lëtzebuerg ëmmer méi spieren. Mir hunn eng gutt Mod op Besuch: D’Annick Goerens, frësch aus den USA ageflunn, hei huet hat fir RTL d'US-Wale couvréiert. D’Annick erzielt, wéi et bei engem Wal-Event harceléiert an erausgehäit gouf.

Zousätzlech kréie mir en Abléck hannert d’Kulisse vun den daily News. "Mir schaffen am Misär," seet d'Annick a schwätzt iwwert seng Erfarungen als Korrespondentin fir d’ZDF a säin Asaz an engem Krichsgebitt. Hat deelt mat eis, wéi hat et fäerdeg bréngt, trotz allem säin Équiliber ze behalen. Schlussendlech diskutéiere mer iwwert Méiglechkeeten, wéi d'Leit rëm méi Vertrauen an d'Medie faasse kënnen.

Dat Gefill, um Enn vum Dag mat allem fäerdeg ze sinn – kennen d’Lynn an d’Melody net méi. An dëser Episod geet et ëm Erfollegsmomenter, d’Kommunikatioun an der Ekipp, an déi schmuel Ligne tëscht Informatiounen deelen an an d’Rechtfäerdegung falen. Wat ass nach méi kontraproduktiv wéi eng Cheffin, déi vun uewen erof dirigéiert? Eng Féierungspersoun, déi keng Entscheedungen trëfft.